All episodes

#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk

#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk

40m 42s

Cyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen.

An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mam Jean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen.

Eng Episode fir all Entrepreneur, dee säi Betrib an d’Zukunft sécher wëll maachen.

#6 Wou sti mir, Här Premierminister?

#6 Wou sti mir, Här Premierminister?

50m 6s

De Sozialdësch ass eriwwer.

Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant?

Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat.

Luc, komm mol an de Büro.

#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?

#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?

56m 59s

Wéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land?

An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen.

#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant

#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant

65m 59s

Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant?

Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.

#3 Handwierk a Beruffsausbildung

#3 Handwierk a Beruffsausbildung

67m 47s

"Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn.

Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk.

Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?

#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik

#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik

50m 5s

De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell?

D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.

#1 Pensiounssystem

#1 Pensiounssystem

33m 4s

Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie?

Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll ech als Chef(fe) d’entreprise dës Entwécklunge fir mech a meng Salarié(e) preparéieren?

Dëse Froe geet d'Alexa Ballmann op de Gronn: „Wéi gesäit et dann elo wierklech mat eise Renten aus, a kréien ech nach eng?“ Doriwwer schwätzt d’Alexa...