#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk
Cyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen.
An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mam Jean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen.
Eng Episode fir all Entrepreneur, dee säi Betrib an d’Zukunft sécher wëll maachen.